
NOTTURNO - Zwee Stécker fir zwou Persounen
vum Guy WAGNER
Produktioun Theater Esch, Coproduktioun KUFA
“Déi zwee Theaterstécker, déi ënnert dem Titel NOTTURNO matenee verbonne goufen, si wéi déi zwou Säite vun enger Mënz. Si goufen alle béid fir d’éischt op Däitsch geschriwwen.
Dat éischt, Aller Tage Abend (Ze Spéit), e Spill ëm Verantwortung a Schëllechginn, hunn ech de 24. Mee 1979, op Christi Himmelfahrt, verfaasst, nodeems zwéin Deeg virdrun eng Zeitungsmeldung mer den Impuls derzou ginn hat (...) Dëst Stéck krut ee vun deene fënnef Präisser, déi am éischten offiziellen Literaturconcours 1979 vergi goufen. Et gouf awer ni opfouert.
Dat zweet, Das Ende, mein Freund (D’Enn, mäi Frënd), gouf tëscht 1987 an 1989 geschriwwen. Dozou hat ech d’Inspiratioun kritt duerch dem Friedrich Dürrenmatt seng „21 Punkte zu den Physikern“. (...)
Notturno, do denkt een un de Franz Schubert an un de verhalene Schmäerz, deen a senger Musek läit. Ëm e sou e Schmäerz an ëm déi laang Nuecht no eisem kuerze Liewen geet et a deenen zwee kuerzen Theaterstécker“.
Guy WAGNER
Aller Tage Abend (Ze Spéit):
Regie: Claude MANGEN
mat: Marcel HEINTZ, Jean-Marc CALDERONI
Das Ende, mein Freund (D’Enn, mäi Frënd):
Regie: Charles MULLER
mat: Myriam MULLER, Jules WERNER
Bühnebiller: Anouk SCHILTZ
Kostümen: Peggy WURTH
Luuchten: Karim SAOUDI
Maquillage: Julie ASSELBORN
Régieassistenz: Nathalie RONVAUX
Bühnebildassistenz: Céline DIEZ
Placement libre
Den Originaltext vun deenen zwee Stécker, déi de Guy Wagner ënnert dem Titel "Notturno" an der Kollektioun Amphithéâtre bei den Editions Phi erausbruecht huet, kritt de Spectateur als Kado an der Oweskees iwwerreecht. Eng Initiativ vun der Kulturfabrik, den Editions Phi an dem Escher Theater.